Vu Mäerz 2020 bis September 2021 hu mir bis op e puer Ënnerbriechungen net dierfen prouwen oder Concerten spillen, dëst war duerch d'Covid-19 Pandemie vun der Regierung verbuede ginn. Ënner strengen Oplaagen konnte mir awer am September 2021 nees ufänkenmat Prouwen an hun um Chrëschtmaart am Dezember zu Mäertert eisen éischte Concert no der Covid-19 Paus gespillt.

Nemmen e puer Deeg méi spéit huet d'Musék den Doud vun hierem laangjährege President an Eirepresident, dem Julien Risch matgedeelt kritt, deen eis duerch en tragescht Accident fir ëmmer verloos huet. Mir wäerten de Julien ni vergiessen a sinn him a senger Fra bis haut Dankbar fir hieren onermiddlechen Asaatz deen si fir d'Musék geleecht hunn.
Ab 2022 konnten mir nees wéi gewinnt Prouwen a Concerten ënnert der Leedung vum Manfred Stöckl spillen.